Sony wëll einfach net opginn an huet dem Acteur fir 2 weider Bond-Filmer eng enorm Zomm ugebueden...

Hält den Daniel Craig elo op oder hält en net op? Nom leschte Bond-Film - Spectre hat een ugeholl, dass d'Thema endgülteg vum Dësch wier. Den Daniel Craig selwer huet dat an e puer Interviewe gesot. Och d'Zomm vun 69 Millioune Pond fir zwee nei Filmer, konnten den Acteur net iwwerzeegen...

Fans kënnen sech elo awer nach eng Kéier nei Hoffnunge maachen! "Radar Online" mellt nämlech, dass Sony dem Craig ëmgerechent bal 134,5 Milliounen Euro ugebueden huet, fir dass deen nach zwee Mol an d'Roll vum 007 klëmmt. E leschte verzweiwelte Versuch vum Studio, wéi en Insider weess.