E neie Video vum Spider-Man ass op Instagram eropgeluede ginn.

Wann dir schonn ëmmer wësse wollt, wei et hannert de Kulisse vun engem Hollywood Film ausgesäit, da kënnt dir dëst elo op Instagram gesinn. Den Actionheld Spider-Man, verkierpert vum Tom Holland,  lieft vu senger Akrobatik. Dat beweist de Schauspiller an engem néie Video fir de néie Spider-Man Film: Homecoming.

Hie mécht e Breakdance op “Doin’ it Right” vu Draft Punk an dat an engem “Motion-Capture” Costume.

De Grond fir en néie Video ass Reaktioun vu leschter Woch. Regisseuren Anthony a Joe Russo, vum néien Avengers Film, hunn eng Foto mam Josh Brolin, deen den Thanos spillt, a sengem “Motion-Capture” Costume op Facebook gepost. De Video vum Spider-Man ass vum Regisseur John Watts eropgeluede gi mam Kommentar: “Yeah but @therussobrothers can Thanos do THIS?” Mir kënne gespaant sinn, wéi et mam Spider-Man Film weidergeet, elo wou Produktioun zu New York wäert ufänken.

De Film soll am Juli 2017 an de Kino kommen.

Yeah but @therussobrothers can Thanos do THIS?

Ein von Jon Watts (@jnwtts) gepostetes Video am