No 24 Stonnen ass de néien Trailer vu "Fifty Shades Darker"114 Millioune Mol ugeklickt ginn.

Schonn den éischten Deel vu “Fifty Shades of Grey” hat 2015 hat e grouße Succès. Sou wéi et ausgesäit, schéngt et beim 2. Deel „Fifty Shades Daker“ net aneschters ze sinn.

24 Stonnen nodeems den éischten Trailer eraus komm ass, huet en e néie Rekord opgestallt a esouguer d‘ Konkurrenz vu „Star Wars 7“ vum Troun erofgehäit.

Wann ee Facebook, YouTube an aner Plattformen zesummerechent, da gouf de Trailer 114 Millioune Mol ugeklickt. De Trailer vu „Star Wars: The Force Awakens“ gouf 2014 bal 2 Millioune Mol manner ugekuckt an domat „just“112 Millioune Mol ugeklickt an.