Och wann de Paul Walker net méi ënnert eis ass, wéilt de Vin Diesel säi Kolleg am léifsten erëm zréck op den Ecran vu "Fast and Furious" bréngen.

Obwuel de Paul Walker 2013 bei engem uergen Autosaccident gestuerwen ass, gëtt net ausgeschloss de Schauspiller an der Fortsetzung vu „Fast and Furious“ erëmzegesinn.

Dem Paul Walker säi Brudder, Caleb Walker, huet géigeniwwer Entertainment Tonight verroden, dat hie mam Vin Diesel geschwat hätt ob a wéini et ubruecht wier säi Personnage op den Ecran zréck ze bréngen. Dem Vin Diesel wier et wichteg de Fans ze weisen, dat de Paul Walker nach ëmmer dobausse wier.

Och wann de Brian O’Connor am „Fast and Furious 8“ net matspillt, wier et net ausgeschloss dat hien am 9 oder 10 Deel nach eng Kéier géing optauchen. Bis eng endgülteg Entscheedung getraff gëtt, kéint et awer nach eng Zäit daueren. De „Fast and Furious 9“ soll eréischt am Abrëll 2019 an de Kino kommen.

Fir den 8. Deel ass geplangt, dat en am Abrëll nächst d’Joer an de Kino komme soll.

RTL

© HECTOR MATA / AFP