E Méinden, 19. September, hat de Film Snowden zu München Europapremière geféiert.

De Film „Snowden“ huet e Méinden, 19. September, Europapremière zu Münche geféiert.

No de Filmer wéi „Nixon“ oder „JFK“ huet de Regisseur Oliver Stone e weidere politesche Film gedréint.

Hei geet et em den amerikanesche Whistleblower, gespillt vum Joseph Gordon-Levitt, dee geheim Dokumenter vum amerikanesche Geheimdéngscht well publik maachen.

Et dauert net laang, bis CIA, verkierpert vum Nicolas Cage, matkritt ween déi wichteg Informatioun publik gemaach huet.