© screenrant.com
De Sam Neill an de Jeff Goldblum spillen am drëtten Deel vum "Thor:Ragnarok" mat.
De Sam Neill huet an engem Interview verroden, dass hien a säi Schauspillkolleg Jeff Goldblum am drëtten Deel vum "Thor: Ragnarok" matspille wäerten. De Sam Neill spillt allerdéngs nëmmen eng kleng Gaaschtroll. Gewosst ass awer nach net wéi eng Roll hie verkierpere wäert.
Béid Acteuren, de Sam Neill an de Jeff Goldblum, kennt dir aus dem Jurassic Park Film. Am éischten Deel hu si nämlech Allenzwee matgespillt.
Mam Sam Neill klëmmt elo d'Zuel vun de prominenten Néizougäng. Mat dobäi sinn och d'Cate Blanchett, de Mark Ruffalo an d'Tessa Thomposon. De Chris Hemsworth, den Tom Hiddleston an den Anthony Hopkins spillen natierlech och erëm mat.
De Film soll am Oktober 2017 an de Kino kommen.