Et goufen Undeitunge gemaach, wéini en neie Batman-Film produzéiert kéint ginn.

De Ben Affleck hat en neie Batman-Film ugekënnegt, wou hie Realisateur, Haaptacteur an och Dréibuchauteur sollt sinn. Allerdéngs war nach net gewosst wéini de Film sollt produzéiert ginn.

De Jeff Bewkes, CEO vun Time Warner, huet elo Undeitunge gemaach, dass et geschwë kéint lass goe mat den Dréiaarbechten. Anscheinend soll et nach annerhalleft Joer dauere bis mam Dréi kéint ugefaange ginn.

Wuel an zwee Joer kéinte mir domat rechnen, dass de Film an de Kino kéint kommen.