Neien Trailer vum Harry Potter Spin-off

Et ass e neien Trailer zum Harry Potter Spin-off "Fantastic Beasts and Where to Find Them" eraus komm.

D'Harry Potter Schrëftstellerin, Joanne K. Rowling, hat deemools zu hirer Roman-Serie e Begleetband geschriwwen, deen elo verfilmt ginn ass.

De Film spillt am Joer 1926. Den exzentreschen engleschen Zauberer a Fuerscher Newt Scamander, verkierpert vum Eddie Redmayne, ass et gelongen op senge Reesen eng Unzuel u magesche Kreaturen ze dokumentéieren an och anzefänken. Zu New York kennt et zu engem Chaos, wéi den Newt Scamander de Jacob, gespillt vum Dan Folger, trefft, eng verluere magesch Valise fonnt gëtt a Kreature flüchten.