De Cast steet fest.
De britesche Realisateur Kenneth Branagh schafft un enger Neiverfilmung vum Agatha-Christie-Klassiker "Murder on the Orient Express". Hie feiert net nëmme Regie, mee spillt och d'Roll vum Detektiv Hercule Poirot.
Wéi den "The Hollywood Reporter" matdeelt, ass elo och bekannt wéi eng Acteure nach matspille wäerten.
D'Michelle Pfeiffer verkierpert d'Roll vun der Mrs. Hubbard. Do dernieft spillt och Judy Dench mat. Si spillt d'Prinzessin Dragomiroff, déi aus dem russesche Kinnekshaus kennt. Eng besonnesch Roll huet de Johnny Depp. De "Pirates of the Carribean" - Star spillt den Ratchett, de Mann, deen ëmbruecht gëtt.
Nieft dem Realisateur Branagh sollen och nach de Ridley Scott ("The Martian"), Simon Kinberg ("Deadpool") an de Mark Gordon ("Saving Private Ryan") de Film mat produzéieren.
Am November soll mam Dréi zu London ugefaange ginn.