Trailer online

Walt Disney Pictures huet den éischten Trailer vum fënneften Deel hirer Piraten-Saga "Pirates of the Caribbean 5 -  Dead Men Tell No Tales" eraus bruecht.

De Film ass ënnert de norwegesche Realisateuren Espen Sandberg a Joachim Rønning gedréint ginn. Wéi erwaart spillen de Johnny Depp, aka Captain Jack Sparrow, an de Geoffrey Rush als Captain Barbosa mat. De Will Turner, verkierpert vum Olando Bloom, ass och erëm mat dobäi. De Captain Salazar gëtt vum Javier Bardem verkiepert a spillt am fënneften Deel de Béisewiicht.

Am Film kritt de Captain Jack Sparrow et mam Captain Salazar ze dinn. De Captain Salazar ass mat senger Crew aus dem Bermudadräieck entkomm. Si hunn sech elo zur Aufgab gemaach, all Pirat, deen an de 7 Weltmierer säin Onwiesen dreift, ëmzebréngen. De Jack Sparrow steet op senger Lescht natierlech ganz uewen.

 De Film kennt am Mee 2017 an de Kino.