Et gi Néidegkeeten iwwert Jurassic World 2.

De Film soll méi Spannung bidden an dofir wollt een och de Realisateur Juan Antonio Bayona. Hien huet ënnert anerem „The Impossible“ an „Das Waisenhaus“ gedréint.

Fir déi ganz Grujel-Effekter kennen ze maachen, gëtt och méi op Animatronik zréckgegraff.

De Produzent an Dréibuchauteur Trevorrow betount, dat kee Jurassic War geplangt wier. Dinosaurier fir militäresch Zwecker sollen net am Virdergrond stoen, well dofir eng Trilogie net géing duergoen.

Dobäi kennt, dat den Trevorrow sech staark un d’Struktur vun den Originalfilmer géing baséieren.

Jurassic Wolrd 2 soll am Juni 2018 an de Kino kommen.