© Power Rangers Movie
Den éischten Trailer vu "Power Rangers" ass eraus.
No der Kultserie aus den 90er Joren ass elo den éischten Trailer vu "Power Rangers" eraus komm.
Am Film treffe fënnef Teenager openeen, déi net vill Gemeinsamkeeten hunn bis si zesummen eppes Mysteriéises fannen. Dobäi erwächt eng ausserierdesch Muecht, déi Mënschheet ausläsche wëll. Allerdéngs kënnen déi 5 Jonker d'Welt beschützen, andeems si hir besonnesch Kraaft benotzen.
De Kino-Reboot vun der Kultserie soll am Mäerz 2017 an de Kino kommen.