Mam Dréi vu "Fack Ju Göhte 3" kann ugefange ginn.

E neie „Fack Ju Göhte“ kennt an de Kino. Den erfollegräichsten däitsche Kino-Blockbuster vun allen Zäite bréngt en drëtten Deel eraus.

Et hat um Dréibuchauteur a Realisateur Bora Dagtekin an den Haaptacteur Elyas M’Barek geleen op eng Fortsetzung géing gedréint ginn oder net.

De Kontrakt mat hinne gouf awer elo verlängert.Hätten déi zwee net zougesot, hätt ee keng Fortsetzung méi gedréint.

Wéini de Film an de Kino kënnt, ass awer bis ewell net gewosst.