© JEAN BAPTISTE LACROIX/AFP
Anna Kendrick wéilt gären de Robin am neie Batman-Film spillen.
Anna Kendrick an de Ben Affleck sinn am Moment mat hirem neie Film "The Accountant" op Promo-Tour. Wéi si an engem Interview mat MTV waren, hu si iwwert d'Action-Zeene vum Film geschwat. Do huet d'Anna Kendrick d'Initiative ergraff a wësse gedoen, dat hat de Robin am neie Batman-Film wéilt spillen.
Leider huet de Ben Affleck hat missten enttäuschen a soen, datt si schonn en Acteur fonnt hätten, deen de Robin verkierpert.
"The Accountant" kennt den 2.11 an de Kino. Et ass awer nach net gewosst, wéini den neie Batman-Film wäert eraus kommen.
Hei gesitt dir den net ganz serieuxen Interview.