© WENDELL TEODORO/AFP
Foodles Production muss eng Strof vun 2 Milliounen Dollar bezuelen, well den Harrison Ford sech bei den Dréiaarbechten e Been gebrach hat.
Bei den Dréiaarbechte vum Star Wars 7 hat sech de Solo-Duersteller Harrison Ford e Been gebrach.
Wéi CNN mellt, muss elo déi britesch Disney-Duerchterfirma Foodles Production 2 Milliounen Dollar Strof bezuelen.
Am Juni 2014 gouf den Harrison Ford vun enger Metall-Hydraulikdier um Filmset ageklemmt a blesséiert. De Procureur Andrew Marshall huet matgedeelt, dat Dier Gesicht vum Ford just op e puer Millimeter verfeelt sollt hunn.
De Riichter Francis Sheridan huet d'Firma fir déi schlecht Kommunikatioun responsabel gemaach. Si hätten den Harrison Ford besser iwwert Risiken informéiere sollen.