© Michal Cizek / AFP
Den definitiven Trailer vu Rogue One: A Star Wars Story ass do!
Laang huet et gedauert, mee elo ass den endgültegen Trailer vun "Rogue One: A Star Wars Story" eraus.
D'Geschicht spillt jo bekanntlech tëscht "Star Wars Episode III - Revenge of the Sith" an "Star Wars" vun 1977. Hei gëtt erzielt, wéi d'Rebellen un d'Pläng vum éischten "Todestern" kommen, duerch deen de Luke Skywalker e futti maache kann.
D'Haaptfigur gëtt vum Felicity Jones gespillt, dat een aus "The Theory of Everything" kennt. Donieft stinn nach de Forest Whitaker an de Mads Mikkelsen virun der Kamera.
De Film "Rogue One: A Star Wars Story" kennt de 14.12.2016 an de Kino.