© LOIC VENANCE / AFP
"Meg": A sengem neie Film wäert de Jason Statham zur Ofwiesselung een Hai bekämpfen
Wousst dir dat den Jason Statham viru senger Carrière als Schauspiller, professionelle Sprënger war? Nodeems hien a senge leschte Filmer d Sprangbriet mat engem schnellen Autoen agetosch huet, geet hie mat sengem neie Film ‚Meg‘ back to the roots.
An dësem neie Film deen am Mäerz 2018 soll erauskommen, wäert de Statham an der Roll vum Fuerscher Jonas Taylor, mat senger Schauspill Partnerin Li Bingbing, keen normalen Hai bekämpfen. Riets geet et em de Megalodon, een Ur- Hai vun deem Wëssenschaftler hautdesdaags ausginn, dat deen sech nach ëmmer an den Déifte vum Ozean kéint befannen. Wie mir et soss vum Statham gewinnt sinn, muss hien eng Equipe vu Wëssenschaftler retten di vun dësem Ur-Hai ugegraff goufen. Mee den Hai ass him keen onbekannten.