Drëtten Deel ass nach net ganz ausgeschloss!
An engem Interview op CBS Sunday Morning, huet Sarah Jessica Parker seng nei Komedie Serie Divorce, promote. Do gouf och iwwert Sex and The City geschwat, an op d'Fans sech dann endlech op een Drëtte Film dierfe freeën. Am éischte goufe Carrie an de Mr. Big no puer Schwieregkeete bestuet, an am zweeten haten si wei all aner Koppel mat hire Problemer ze kämpfen.
Dem Sarah Jessica Parker no, gouf offiziell nach net driwwer geschwat, mee de Projet wär net auszeschléissen.
Hei kennt der Iech den Interview ukucken. Vun 7min50 schwätzen se iwwert ee potentiellen drëtte Film.