Ween Fan vun de Shrek-Filmer ass, kann sech elo schonn op de 5. Deel freeën.

Dem Internet Magasinn The Hollywood News no, soll et schonn een Dréibuch zum 5. Deel Shrek Film ginn. Geschriwwe gouf dëse vum Michael McCullers, deen ënner anerem och fir seng Dréibicher fir d'„Austin-Powers“ Filmer bekannt ass. De Regisseur vum neisten Dreamworks Animation Film „Trolls“, Mike Mitchell wäert héchstwahrscheinlech d'Roll vum Regisseur iwwerhuelen. Et ass och scho bekannt, dass de Kreateur vun de Minions, Chris Meledandri, Shrek 5 wäert produzéieren.

Mat sou engem talentéierten Team, kann den neie Shrek-Film jo just ee Succès ginn, oder?