Neiste Rumeuren no, soll d‘Jennifer Lawrence d'Roll vum Zelda Fitzgerald am néie Ron Howard Film iwwerhuelen
Zelda Fitzgerald, Fra vum Scott F. Fitzgerald, deen ënnert anerem The Great Gatsby geschriwwen huet, war och selwer Auteur.
Geschwë soll e Biopic iwwert d‘ Zelda erauskommen an där d' Haptroll am léifste vum Jennifer Lawrence soll gespillt ginn.
D‘ Zelda Fitzgerald war eng extrovertéiert Fra déi gäre grouss Partie zesumme mat hirem Mann organiséiert huet.
Allerdéngs hat sinn nieft hirem High-Society Liewen och psychesch Problemer, ënnert anerem soll si ënner enger Form vu Schizophrenie gelidden hunn.
Als Realisateur soll de Ron Howard engagéiert ginn, deen och scho fir „A Beautiful Mind“ mam Russel Crowe responsabel war.