© ANGELA WEISS /AFP
An sengem néie Film wäert de Leonardo DiCaprio eee vun de wichtegste Museksproduzenten aus den 40er Joere verkierperen.
Wéi elo erauskoum, soll de Leonardo DiCaprio no Rolle wéi J. Edgar oder Frank Abagnal Jr. (Catch me if you can) eng weider historesch Roll iwwerhuelen, nämlech déi vum Musek Produzent Sam Phillips.
De Sam Phillips huet an de 40er a 50er Joren als Produzent an Talent Scout mat sengem Placke Label, Musekgréissten ewéi Elvis Presley a Jonny Cash bekannt gemaach. D’Buch Sam Phillips: The Man Who Invented Rock ‘N’ Roll vum Peter Guralnick koum lescht Joer eraus a wäert och als Grondlag fir de Film dengen.
Paramount huet scho Rechter vum Buch kaf an dem Leo seng Firma „Appian Way“ wäert de Projet developpéieren. Et ass och bekannt dass de Mick Jagger ee vun de Produzente wäert sinn.