Deadpool 2 brauch een neie Realisateur

Lo wou den Tim Miller wéinst kreativen Differenze mam Ryan Reynolds, Deadpool 2 net méi wäert dirigéieren, ass d' Iddi  erëm opkomm dem Tarantino de Film un ze bidden.

Nodeems de Ryan Reynolds bal ee Joerzéngt huet misse kämpfe fir den éischten Deel eraus ze bréngen, ass et normal, datt d'Fans elo Angscht em den Zweeten deel hunn.

2009 huet de Ryan Reynolds zouginn, dat hien am léifsten de Quentin Tarantino als Realisateur hätt, mä wei den online Magasinne cinemablend.com schreift, realiséiert den Tarantino nëmme Filmer di hien och selwer geschriwwen huet.

Deadpool-Fans hunn elo eng Petitioun gestart, si wëllen den Tarantino fir den Deadpool 2. Ob dat wierklech eppes nëtzt wäerte mer an de nächste Méint gewuer ginn.