U wien denkt der wann der Rambo héiert? Genee, un de Sylvester Stallone. De Rambo kéint awer e neit Gesiicht kréien, sou emol Rumeuren an Hollywood.

De Sylvester Stallone huet nämlech läscht Joer nach bestätegt net méi als Rambo zeréckzekommen.  D’Geschicht vum Rambo soll am Reboot och net vu vir opgewéckelt ginn, mä seng Aventurë weider feieren.  Bis elo ass eréischt de Réalisateur offiziell ugekënnegt, den Israeli Ariel Vromen, bekannt fir „Iceman“  an „Criminal“.