D’Tom Hardy Fans ënnert Iech däerfen sech freeën. Als de legendäre Mafiaboss Al Capone steet e fir „Fonzo“ geschwënn nees firun der Kamera.

Domat ass den Tom Hardy schonn deen zweete briteschen Acteur deen de Mafiaboss spillt. Den Tom Hardy selwer huet schonn sou seng Erfahrunge mat Gangster Rollen. Am „Legends“ huet hien der direkt zwee gläichzäiteg gespillt, an och an der Serie Peaky Blinders iwwerzeegt den 39 Joer alen Acteur als Gangster. Wéini dem Tom Hardy seng Versioun vum Al Capone ze gesinn ass, steet awer nach an de Stären.