© Screenshot Youtube
Viru gutt zwou Wochen war en nach an der Eldo Ladies Night, haut leeft en dann och offiziell un!
Den Thriller, geschriwwe vum Paula Hawkins, gëtt mëttlerweil als neie Gone Girl gehyped.
D’Haaptprotagonistin, dat alkoholofhängegt Rachel, gëtt gespillt vum Emily Blunt. Ween elo Bedenken huet dass d’Emily Blunt net wierklech passt fir eng, wéi et am Buch beschriwwe gëtt, bësse mockeleg verbrauchten a mental lädéiert Fra ze spillen, kann op dëser Platz berouegt ginn.
D’Rachel fiert all Dag déi nämmlecht Streck am Zuch op d' Aarbecht. Dobäi falen em och allkéiers déi nämmlecht zwee Haiser op. An deem engem huet et gewunnt, an dem anere wunnt eng jonk Koppel. Bei deene schéngt alles perfekt, bis dass d’Rachel enges Daags vum Zuch aus eng Entdeckung mécht déi alles op de Kapp stellt.
Op eemol ass d’Rachel an e Mord verwéckelt , an dass hatt zanter senger Scheedung schwéier Alkoholkrank ass, a regelméisseg Blackouts huet, mëscht d’Rachel net zu engem zouverlässegen Zeien. D’Situatioun spëtzt sech fir hatt ëmmer méi zou.