Den Danny Boyle léisst e Verspriechen a wat schonn laang fälleg war: Trainspotting kennt zeréck. No 20 Joër!

1996 ass mat Trainspotting e Kultfilm erauskomm. Matt dobäi: De Mark Renton ( Evan Mc Gregor), de Sick Boy (Johny Lee Miller), de Spud (Even Bremer) an de Begbie (Robert Carlyle). D’ Fans ënnert Iech mierken et vläit schon: Se sinn all nees zeréck. D'Crème de la Crème vun de schottesch-britesche Schauspiller an eng Rëtsch Zitater aus dem 1. Film verspriechen e genau sou ënnerhalenden Comeback.

Wourëms et am Film genau geet ass nach net ganz kloer. Mee souvill steet fest: No 20 Joer ass alles anescht, a villes nämmlecht, wéi zum Beispill  d‘Drogen  oder déi ranzeg Toilette. Den Trailer kënnt der hei kucken: