© YOSHIKAZU TSUNO / AFP
D'Spill aus den 90er soll och de Wee op d'Leinwand fannen.
Kennt der iech nach un de Furby erënneren? Di komesch Eilen di ënnertenee kommunizéiere konnten, an am Fong méi Angscht gemaacht ewéi séiss ausgesinn hunn.
De Grënner vum private Filmstudio TWC Dimension, Bob Weinstein, huet verroden dass si am gaange sinn u 5 Filmer ze schaffen. Ënnert anerem un engem Furby Film.
Esou aussergewéinlech wier dës Iddi net, wann ee bedenkt dass ee Film ewéi Trolls grousse Succès huet.
Trolls si wéi Furbies hautdesdaags net méi esou populär, mä d’nostalgesch Gefill dat sou eng Verfilmung mat sech bréngt, kéint zu engem risege Succès ginn.
D'Erfanner vum Furby hunn och versicht mat der neier Technologie matzehalen. Et kann een déi nei Furbies un e Smartphone an Tablett connectéieren. Een erfollegräiche Film géift Verkafszuele jiddefalls an d'Luucht dreiwen.