Op der Adobe Max Konferenz den 3 November, huet de Quentin viru Publikum iwwert seng Ufäng als Realisateur geschwat, a wat fir hie Succès bedeit.

Wei een et vum Quentin Tarantino gewinnt ass, war hien net ganz bescheiden, a sot dass hien als beschte Regisseur an Erënnerung behale well ginn, wann net als ee vun de beschten Artisten.

Mä en huet awer och eng Rumeur confirméiert déi scho laang d’Ronne mëscht, nämlech dass hien no sengem 10. Film ophale wäert Filmer ze dréinen. Dat bedeit dass et nëmmen nach zwee Filmer vun him wäerte ginn an dann ass Schluss!

Hei kennt dir Iech de ganzen Interview ukucken: