Fantastic Beasts And Where To Find Them kënnt des Woch eraus, mam Eddie Redmayne an der Haaptroll.

De 34 Joer alen Oscar-Gewënner huet sech scho méi laang fir eng Roll an der Harry Potter Saga interesséiert.  Deemools wollt en als Weasley Brudder eng Nieweroll. Hien duerft säi Casting allerdéngs net emol fäerdeg schwätzen, an ass dunn heemgeschéckt ginn. Elo huet de Redmayne et dann endlech och beim J.K Rowling gepackt: Vu Fantastic Beasts sollen insgesamt 5 Filmer erauskommen.