Dem Margot Robbie geet et zu Hollywood och grad zimlech gutt. D’Harley Quinn krit nämlech elo säin eegene Film.

Ville Fans no ass Suicide Squat ze kuerz op dem Joker an dem Harley seng Geschicht agaang. Elo gëtt un engem Script geschafft. En Titel ass nach net eraus.  De Spinoff gëllt bei Warner Bros an DC Comics awer als Top Prioritéit, sou dat amerikanescht Kino Portal Collider. Och Bird of Prey, e Film iwwert déi weiblech Anti-Heldinnen aus der Comic Welt ass fir 2017 geplangt.