Am Teaser dee schonn zanter e puer Wochen eraus ass, gouf sech éischter bedeckt gehalen. Lo gëtt d'Emma Watson endlech a senger voller Montur gewise.

D’Costumer verspireche vill, Fans dierfe sëch freen. Och bei der Filmmusik gëtt sech un d’Disney Original gehalen.

Nieft dem Emma Watson steet den Dan Stevens als Beast virun der Kamera. Deen hat bis elo just méi kleng Rollen. De Gaston gett vum "Dracula Untold" a "Girl on the Train" Acteur Luke Evans gespillt.

An Obwuel de Film eigentlech perfekt fir déi kaal Wanterméint wier kënnt de Film leider eréischt am Mäerz 2017 eraus. Den Zeechetrickfilm vu 1992 ass iwwregens net deen éischte Beauty and the Beast Film.  La belle et la bête ass am franséischen Original schonn 1946 zu Cannes presentéiert ginn. Den Trailer kënnt der hei kucken.