No der Verfilmung vu "Me before you", geet et fir déi englesch Schauspillerin Emilia Clarke nees méi an den Fantasie Genre.

An zwar huet Disney elo offiziell annoncéiert dass d’Emilia Clarke, deene meeschte wahrscheinlech als Daenerys Targaryen/Khaleesi aus der Hit-Série "Game of Thrones" bekannt,  Deel vun der Han Solo Spinoff Equipe gëtt. De Film soll 2018 erauskommen. Ween genau et spillt, ass natierlech nach nët eraus.  Och den Donald Glover, besser bekannt als Childish Gambino ass beim Cast dobäi.