© MIGUEL MEDINA / AFP
D'Hollywood Adaptioun vum Stieg Larrsson Thriller "The Girls with the Dragon Tattoo" kritt wéi dat d'Schwedescht Original eng Suite.
2009 ass Girl with the Dragon Tattoo a Schweden mam Noomi Rapace an der Haaptroll verfilmt ginn. Den Hollywood Remake mam Mara Rooney an dem Daniel Craig ass dunn 2011 erauskomm. Well de Succès grouss – mä net grouss genuch war, war laang net sécher op d’Mara Rooney als Lisbeth Salander géing zeréck kommen. Den Dréibuchauteur Steven Knight huet awer elo bestätegt un der Fortsetzung The Girl in the Spider’s Web ze schreiwen.