© Youtube Screenshot
Laang war et net sécher, mä lo ass et souzesoen eng geritzte Saach: Deadpool II wäert erauskommen.
De Regisseur Tim Miller ass no Differenze mam Ryan Reynolds gaangen. Als Regisseur steet elo den David Leitch hannert der Kamera. Hien hat bis elo just als Co-Regisseur fir John Wick an als Stunt Coordinator geschafft. Deadpool II gëtt also säin éischte Projet als Haaptregisseur. Dréiaarbechte starten 2017, de Film soll dann 2018 erauskommen.