© Adrian DENNIS / AFP
De Usain Bolt ass eng etabléiert Marque,elo och mat sengem eegene Film. De Méinden ass "I Am Bolt" an de Kinoen ugelaf.
De Usain Bolt ass eng etabléiert Marque. Den jamaikaneschen Sprinter ass mëttlerweil eng richteg Kultfigur als „the fastest Man alive“, mat 6 Goldmedailen an dräi Weltrekorder. Fir „ I am Bolt“ hunn d’Createure Gabe a Benjamin Turner hien am Kader vun den Olympesche Spiller 2016 begleet. D’Doku soll awer méi weise wéi just seng Momenter op der „Olympia Bühn“. Sou weisen d’Turner-Bridder de Bolt mol eng Kéier vu senger perséinlecher Säit, a senge gudden an schwaache Momenter.