© Robyn BECK / AFP
"Chaos Walking" ass eng Jugend-Sci-Fi Rei vum Patrick Ness. Elo soll d’Trilogie verfilmt ginn.
"Chaos Walking" huet no "Hunger Games" an "Maze Runner" grousst Potenzial deen nächste Jugendfilm-Hype ze ginn. Dat weist och d’Besetzung déi bis elo fest steet: Nieft dem Spider Man Acteur Tom Holland soll elo och d‘Star Wars Actrice Daisy Ridley eng Haaptroll an der Adaptatioun kréien. De Film-Release ass fir 2018 geplangt.