Vu Guardians of the Galaxy Volume II ass lo no dem Teaser och den offiziellen Trailer eraus.

Den Top Favorit des Kéier ass de Baby Groot. Am éischten Deel huet sech de Groot jo geopfert, fir déi aner ze retten an ass dunn als Sprössling operstaanen. An och de Rescht vum Cast aus dem éischte Film ass nees dobäi. Ausserdeem kenne mer eis op e neie "Guardians" Member freeën: Mantis, bekannt aus der Bande Dessinée, schléisst sech der Equipe elo och un. De neien Trailer kritt der hei ze kucken.