Am 6. Deel vun Terminator gëtt den Arnold Schwarzenegger ofgeléist...
Den 22. November 2019 kennt Terminator 6 an de Kino. De Start zu enger neier Reboot-Trilogie ronderëm de Kampf Mënsch géint Maschinn.
Produzéiert gëtt de Film vum James Cameron an den Tim Miller (Deadpool) wäert Regie féieren.
Bekannt ginn ass de Franchise virun allem duerch den Arnold Schwarzenegger. Mat 70 Joer schéngt de Schauspiller awer net méi an d'Roll ze passen. No sengem Austrëtt aus The Expendables soll den Arnie am neien Terminator just eng ganz kleng Roll spillen.
De neien Cyborg wäert an de nächste Filmer vum Gabriel Luna verkierpert ginn. Dësen ass virun allem duerch seng Roll als Ghost Rider an der Serie Agents Of S.H.I.E.L.D bekannt ginn.