Gëschter war d'Avant-Première zu Los Angeles...
De 25. Abrëll leeft de neie Marvel Film Avengers – Infinity War zu Lëtzebuerg un, deem seng zwee Virgänger zu den erfollegräichste Superhelde-Filmer vun allen Zäiten zielen.
D’Produzente selwer hunn de neien Avengers als déi gréisste Produktioun bezeechent, déi jee realiséiert gouf.
Ronn 20 verschidde Superhelde spille mat a bei der Avant-Première gëschter zu Los Angeles ass däitlech ginn, dass de neien Avengers wäert Rekorder briechen.
D’Reaktiounen si positiv.
Bei sou enger Produktioun well Marvel Spoiler evitéieren.
Dëst ass souguer sou wäit gaangen, dass d’Schauspiller selwer e Fake-Dréibuch virgeluecht kruten.
Keen sollt déi ganz Story a virun allem de Schluss gewuer ginn. Dat well op der enger Säit parallel de 4. Deel gedréint gouf, awer wollt een och evitéieren, dass d’Schauspiller Geheimnisser präisginn.
Kuckt Iech hei den Trailer un: