Dem Elton John säi Liewe gëtt verfilmt...
Den Elton John gehéiert mat sengen 71 Joer zu den erfollegräichste Museker eiser Zäit.
Iwwer 450 Milliounen Alben huet hie bis ewell verkaaft.
Am September dëst Joer wäert hien eng leschte Kéier op Tour goen. 2021 soll seng seng Karriär dann eriwwer sinn.
Elo soll säi Liewe verfilmt ginn.
Rocketman erzielt d’Geschicht vum Museker, deen op der Royal Academy Of Music ugefaangen huet an zum weltwäite Superstar ginn ass.
D’Roll vum Elton John wäert den Taron Egerton verkierperen, dee mir virun allem duerch Kingsman kennen.
Och soll hie sämtlech Lidder am Film selwer sangen.
D'Produktioun soll am August ufänken. Wéini de Film erauskënnt, ass awer nach net gewosst.