Disney Nature presentéiert e neien Documentaire...

Den 21. Abrëll huet Disney Nature säin 10. Gebuertsdag gefeiert. E Film-Label, dee virun allem Documentairen iwwer d’Natur produzéiert.

Den 22. Abrëll 2019, also um Dag vun der Äerd, soll de neiste Film Penguins ulafen.

Dësen erzielt d’Geschicht vum Steve, e Pinguin, deen a sengem Alldag mat enger Rëtsch Problemer konfrontéiert gëtt.

Kuckt Iech hei den Trailer un. An der Redaktioun hu mir net schlecht gestaunt!