Kennt an Zukunft déi éischt muslimesch Superheldin?

Iron Man, Captain America, Thor…Alles Superhelden, déi mir aus dem Marvel Cinematic Universe (MCU) kennen.
Ma éier e Superheld et an de Kino packt, daucht dëse fir t’éischt an Anime-Serien, respektiv Comic-Hefter op.
Zwee Medien, déi Marvel hëllefen erauszefannen, ob e neie Superheld gutt beim Public ukënnt oder net.

Kuckt hei de Prozess vun enger Charakter-Entwécklung:

Eng Superheldin, déi dëse kritesche Prozess gemeeschtert huet, ass Captain Marvel. Et soll déi éischte weiblech Superheldin ginn, déi en eegene Film am MCU kritt.

Ma wéi et schéngt, ginn et och Pläng fir d’Ms. Marvel.
Eng jonk Superheldin mat muslimescher Hierkonft, dat zu New Jersey souwuel mat senger konservativer Famill, wéi och mat Mobbing duerch seng Matschüler ze kämpfen huet.

Den MCU-Produzent Kevin Feige erkläert seng Pläng:

Ob d’Ms. Marvel elo en eegene Film kritt, ass nach net confirméiert. Awer wier eng reng muslimesch Superheldin am MCU-Universum eng Revolutioun.