D'Geschicht vun enger Kult-Band gëtt verfilmt...

Queen zielt bis haut zu de kommerziell erfollegräichste Bands vun allen Zäiten.
Zënter 1970 hu si iwwer 700 Concerte gespillt a 15 Alben erausbruecht. Dës hu sech méi wéi 200 Millioune Mol verkaaft.
Dorënner Hits wéi We Are The Champions, We Will Rock You oder och Bohemian Rhapsody.

De Frontsänger, de Freddie Mercury ass de 24. November 1991, am Alter vu 45 Joer verstuerwen.

Bohemian Rhapsody ass e biographescht Film-Drama, dat d'Geschicht vum Freddy Mercury soll erzielen. Vun senger Zäit virun der Band, bis hin zum groussen Duerchbroch.

RTL

De Rami Malek spillt an der Haaptroll /

Den 1. November soll de Film an de Kino kommen.

Kuckt Iech hei den Trailer un: