De Will Smith an de Martin Lawrence sinn zréck...

17 Joer nom zweeten Deel kënnt elo endlech eng Fortsetzung vu Bad Boys eraus - en Action-Film ronderëm 2 Polizisten, gespillt vum Will Smith an dem Martin Lawrence.

Den drëtten Deel mam Numm "Bad Boys for Life" soll am Januar 2020 an eis Kinoe kommen.
 
Kuckt iech hei den éischten Trailer vu Bad Boys 3 un!