No 32 Joer ass den Pete Maverick Mitchell zréck...
Am Joer 1986 ass e Blockbuster an de Kino komm, dee senger Zäit zu de ganz Grousse gehéiert huet. Top Gun mam Tom Cruise.
E Film, deen d’Geschicht vum Kampfpilot Pete Maverick erzielt huet.
4 Oscar-Nominéiere krut de Film am Joer 1987. Och gouf et de People's Choice Award.
Den 11. Juli 2019 soll elo den zweeten Deel an de Kino kommen.
Zu der Story weess ee bis ewell nach Näischt, awer hunn d’Dréiaarbechten dës Woch ugefangen. Dat Twitter den Tom Cruise.
Hei dierf een also gespaant sinn, gehéiert de Maverick wuel zu dem Tom Cruise senge léifste Rollen.
Den éischten Top Gun huet de Schauspiller souguer dozou motivéiert, selwer de Piloteschäin ze maachen.
Kuckt hei den Trailer vum éischten Deel: