Am éischten Transformers Spin-Off steet de Bumblebee am Mëttelpunkt...

Transformers ass e Franchise, vun deem Jidderee schonn eppes héieren huet.
5 Filmer sinn zënter 2007 erauskomm. Grouss ginn ass de Franchise virun allem duerch d’Megan Fox an de Shia LaBeouf.

Béid Schauspiller sinn elo net méi dobäi. An am Allgemenge mussen d’Produzenten sech agestoen, dass d’Loft eraus ass. Dat mierkt een och un de Verkafszuelen.

Frësche Wand kennt net just mat engem neie Regisseur (De Michael Bay gouf duerch den Travis Knight ersat), mee et well een och fort vum rengen Action-Film.

E Spin-Off soll de Franchise retten. Dëse soll méi emotional sinn an och als Prequel déngen. Am Mëttelpunkt steet den Publikums-Liibling Bumblebee.

Och mat dobäi ass d’Hailee Steinfelds.

Den 20. Dezember kennt de Film an de Kino.

Kuckt hei den éischten Trailer :