© Youtube Screenshot
2019 kënnt de Sequel vum Stephen King sengem It an de Kino, e weideren Schauspiller gouf elo confirméiert.
Den éischten Deel vum Remake, vum Stephen King sengem It, huet d’läscht Joer fir Angscht an de Kinossäll gesuergt. Hei haten sech 7 Kanner, Membere vum sou genannte 'Loser’s Club', dem Monster ouni Numm gestallt. Déi éischt Schluecht haten se zwar gewonnen, 27 Joer duerno ass de Pennywise awer zréck. Déi 7, mëttlerweil erwuesse Memberen, di sech nach eng Kéier zesumme fir de Clown endgülteg ze besäitegen.
Scho fréi war decidéiert wien d’Roll vum Beverly Marsh iwwerhëlt, d’Jessica Chastain gouf vum Regisseur Andy Muschietti vun Ufank un als Favoritin gehandelt. Den James McAvoy an de Bill Hader ginn, op Grond vun Twitter Meldungen, och schonn als Cast-Memberen ugesinn, och wann dëst nach net zu 100% offiziell bestätegt ass. Och vum Andy Bean an James Ransone, als Stan an Eddie, ass gewosst dass se zu der neier Besetzung vum Horror-Film gehéieren.
Zu gudder Läscht gouf dann elo annoncéiert dass den Isaiah Mustafa dem erwuessene 'Loser’s Club' bäitriede wäert. De Schauspiller, deen virun allem als den 'Old Spice Guy' aus der Superbowl Pub bekannt ass, spillt déi erwuesse Versioun vum Mike Hanlon.
Och wann mer et beim 2. Deel mat enger ganzer Rëtsch neie Gesiichter ze dinn hunn, de Pennywise gëtt weiderhi vum Bill Istvan Günther Skarsgard verkierpert.
Dréiaarbechte sollen am Juni vun dësem Joer ufänken, an am September 2019 wäert It 2 dann op den Amerikaneschen Ecranen ze gesi sinn.