© Eldoradio
De Méinden war d’Eldo Ladies' Night am Kinepolis Kierchbierg, dësen Dënschden gëtt den Ocean’s 8 am Kinepolis Belval presentéiert.
Op der Eldo Ladies' Night de Méinden am Kinepolis Kierchbierg gouf de Film Ocean's 8 presentéiert. Et gouf vill gelaacht an d’Ladies si begeeschtert, wann och net wierklech iwwerrascht, aus de Kinossäll erausgaangen.
De Film iwwerzeegt virun allem duerch en héichkarätege Cast a vill Fraen-Power, bitt awer net vill méi wéi den Trailer versprach huet. Dem Danny Ocean seng Schwëster Debbie gëtt aus dem Prisong entlooss an huet e geniale Plang: Hatt wëll wärend der MET Gala zu New York eng wäertvoll Kette klauen. Elleng kritt et dat natierlech net hin a stellt sech heivir en Team aus 8 Meeschterdéiwinnen zesummen, déi sech op déi gréisste Party vum Joer eraschmuggelen an hei de gréisste Coup vun allen Zäite maachen.
Haut den Owend (12.06) geet et an déi zweet Ronn, dat an der Ladies‘ Night am Kinepolis Belval, vun 18h30 un. Och hei gitt der mat coolem Afterwork, Animatioun a verschiddene Stänn verwinnt.
D'Ladies' Night am Kinepolis Belval, mam Film Ocean's 8, dësen Dënschden ass nach net ausverkaaft.
Déi nächste Ladies' Night gëtt et dann Mëtt Juli mam Sequel vu Mamma Mia.