Ewan McGregor als erwuessenen Danny Torrance am Shining Sequel.

Nodeems den Horror-Klassiker Shining schonn 2013 a Form vum Buch Doctor Sleep weider gaangen ass, steet elo d’Verfilmung vum Stephen King Roman un. Neisten Erkenntnisser no, soll de britesche Schauspiller Ewan McGregor, déi erwuesse Versioun vum Danny Torrance spillen.

Am Horror Klassiker Shining, der Filmadaptatioun vum Stanley Kubrick, dréint de Familljepapp Jack Torrance duerch a geet mat enger Aaxt op seng Famill lass. D'Fortsetzung vun der Geschicht, stellt elo de mëttlerweil erwuessene Jong, Danny, an de Mëttelpunkt. Dëse leid esou staark un sengem Kandheetstrauma dat hien sengem Papp ëmmer méi ähnlech gëtt. Lues a lues fënnt en awer erëm zu sengen telepathesche Fäegkeet zréck a muss sech decidéieren op hien domat Guddes maache wëll oder de Geeschter aus der Vergaangenheet verfält.

De McGregor, dee schonn an de 90er an direkt dräi Horrorproduktiounen ze gesi war, fënnt mat Doctor Sleep quasi zu senge Schauspill-Wuerzelen zeréck. Op hie mam Jack Nicholson senger Performance aus Shining mathale kann, esou wéi op de Regisseur Mike Flanagan dem Stanley Kubrick kann d'Waasser reechen, dat fanne mer eréischt 2020 eraus.