Fans vun der Serie kënne sech op de gemeinsame Projet, The Christmas Contract, freeën.

Nodeems op Instagram Fotoe gepost goufen déi op eng One Tree Hill Reunion gedéit hunn, ass et elo confirméiert: d’Schauspiller vun der Serie schaffen nees zesummen un engem Projet. The Christmas Contract heescht dësen a soll am Dezember erauskommen.

D’Jolie, gespillt vum Hilarie Burton, kënnt Chrëschtdag fir eng éischte Kéier no senger schwéierer Trennung zréck an säin Heemechtsduerf. Do dreift sech awer och säin Ex-Frënd erëm, dee seng nei Frëndin dobäi huet. Fir enger Blamage aus dem Wee ze goen engagéiert hat de Brudder vun enger Frëndin, dee sech als säi Frënd soll ausginn. Am Ufank baséiert sech déi ganz Bezéiung nëmmen op engem Kontrakt, vun dohier och den Titel: The Christmas Contract. Wéi et sech fir en typesche romantesche Chrëschtdagsfilm gehéiert, bleift dat awer net laang onkomplizéiert.

Obwuel d’Fans wéinst dësen Neiegkeeten aus dem Haische sinn, gëtt et och eng Enttäuschung: De Frae-Schwarm, Chad Michael Murray, ass net dobäi. Dofir awer e ganze Koup aner eemoleg Membere vum One Tree Hill Cast, esou sinn zum Beispill d’Hilarie Burton, de Robert Buckley, d'Daneel Ackles an den Tyler Hilton scho confirméiert.